Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 76 - De Fall Bobbi-Anne McLeod

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?

Episod 75 - Onkel Tick-Tack

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold.
An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.

Episod 74 - Diskussioun pt.2

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.

Episod 73 - Weimar-Morde

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Joer 1986 verschwannen d'Kanner vun der Famill Weimar, Ufanks gëllen se als Vermësst, bis d'Läiche vun de Meedercher fonnt gi. Mais wien huet d'Kanner ëmbruecht a firwat? Dat diskutéieren d'Juie an de Charel an dëser Episode.

Episod 72 : 3 Morden op Halloween

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass rëm déi wonnerbar Zäit vun Halloween, Horrorfilmer, erschrecken, grujeleg verkleeden, Kürbisse schnëtzen asw., mee net alles ass ëmmer esou flott. Dobausse ginn et och richteg Monstere, Mäerder. An dëser Episod kritt dir 3 kuerz Mordfäll presentéiert déi op Halloween begaange goufen.

Episod 71 - Verschwonnen am Dschungel

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Mäerz/Abrëll 2014 sinn d'Kris Kremers an d'Lisanne Froon op enger Work-and-Travel-Rees a Panama. Den 1. Abrëll wëllen déi 2 Meedercher eng kleng Wanderung iwwert den El Pianista Trail maachen, e relativ einfachen Dages Ausfluch. Mee vun dësem sollen déi 2 net méi rëmkommen. Woche méi spéit fënnt een Iwwerreschter vun de Meedercher. Wat ass mat hinne geschitt?

Episod 70 - D' Verschwanne vum Sigrid Paulus

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd.
Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet.

Episod 69 - Doud am Zëmmer 348

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Zëmmer 348 vun enger Pension am Texas gëtt den Greg Flineke dout opfonnt. Äusserlech feelt dem Mann näischt, mee seng Innereien sinn zerfetzt. Wat ass geschitt, dass den Greg sou säin Enn fonnt huet?

Episod 68 : De Mordfall Hannah Wiedeck

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 29. August 2007 ass d'Hannah Wiedeck um Wee fir Heem, nodeems et bei sengem Frënd war. D'Eltere waarde mam Owesiessen op hat, mee et kënnt do ni un. Puer Deeg drop fënnt een d'Läich vun engem Meedchen. Wat ass mam Hannah geschitt?

Episod 67 : Tristan Brübach

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 26. Mäerz 1998 gëtt den 13 Järegen Tristan Brübach zu Frankfurt am Liederbachtunnel vun engem Onbekannten op grausam Aart a Weis ermort. Wien dësen Onbekannten ass a firwat den Tristan stierwe misst, ass bis haut net gekläert.
Wat iwwert de Fall gewosst ass a wat do sou geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us