Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 66: De Mord um Tupac

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 7. September 1996 no engem Boxkampf zu Las Vegas, kënnt et zu engem Drive-by-shooting. Hei schéisst een Onbekannten op den BMW an deem den Tupac dran souz. Dëse gett déidlech blesséiert. Wie geschoss huet, ass bis haut net gekläert.

Episod 65 - De Mord um Sylvia Likens

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

1965 kommen d'Sylvia Likens a seng Schwëster bei d'Gertrude Baniszewski, déi di zwee Kanner bei sech ophëlt. Ufanks ass alles an der Rei, ma et dauert net laang bis fir d'Sylvia d'Hell ausbrécht an hatt méi spéit ëmbruecht gëtt. Wat alles geschitt ass, duerch wien a wéi genau, gidd dir an dëser Episod gewuer.

Episod 64 : Eenheet 731

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wärend dem 2. Weltkrich, gouf vum Japaner Shiro Ishii d'Eenheet 731 gegrënnt. Hei goufen extrem mënscheveruechtend Experimenter gemaach a biologesch sou wéi chemesch Waffen entwéckelt.
Alles wat an der Eenheet 731 geschitt féiert dozou, dass de Shiro Ishii als japanesche Josef Mengele bezeechent gëtt. Wat d'Eenheet 731 war a wat se gemaach hunn erziele mir iech an dëser Episoden.

D'Monster vun Amstetten

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

2008 gëtt d'Welt an Schock versat nodeems am éisträicheschen Amstetten ee vun den grausamste Verbriechen aus den leschten 20 Joer opflitt. De Josef Fritzl huet wärend 24 Joer seng eegen Duechter am Keller gefaange gehalen a mëssbraucht. Wéi dat Ganzt geschitt ass, a wéi et opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.

Episod 62 - Hitman for hire

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine.
Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen?
Dat gidd dir an dëser Episod gewuer.

Episod 61: Selbstjustiz vum Marianne B.

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Nodeems dem Mariane B. säi Meedchen am Alter vu 7 Joer grausam ermort gëtt an de Täter viru Gericht steet, hëlt d'Fra d'Justiz an déi eegen Hand.
virbestrooften Wéi et dozou koum, wien den Täter war a firwat en dat 7 Joer aalt Meedchen ëmbruecht huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.

De Fall Rebecca Reusch

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Fall Rebecca Reusch

Beschreiwung: Den 18. Februar 2019 verschwënnt dat 15 järegt Rebecca Reusch aus dem Haus vu senger Schwëster. Bis Haut weess een net wat geschitt ass a wou d'Rebecca ass.
Wat gewosst ass, wien verdächteg ass a wat fir Theorien et gëtt, beschwätze mir an dëser Episod.

Episod 59 - Wat ass mam Fluch MH370 geschitt?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 8. März 2014 ass den Fluch MH370 vun Malaysia-Airlines op mysteriéis Aart a Weis verschwonnen. De Fliger mat 239 Menschen u Bord ass zënterdeem ni méi fonnt ginn. War et eng Entféierung oder e Selbstmord vun engem Crewmember oder war et dach eppes ganz aneres?

Podcast - Mord oder Suizid?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

2006 verschwënnt de Ray Rivera nodeems hien en Uruff krut. Et dauert e puer Deeg an da fënnt een seng Läich. Hien ass anscheinend duerch een Daach gefall, mee alles weist drop hin, dass dëst net méiglech wier. Wat ass wierklech geschitt?

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us