Episod 94 - Déidlech Party: De Fall Angie Barlow
De 26. Oktober 2016 ass d'Angie Barlow engagéiert gi fir op enger privater Party als Dänzerin ze schaffen, dëst ass u sech näischt Besonnesches fir d'Angie, mee vun dësem Job soll d'Angie awer net méi Heem kommen. Et vergi Méint bis een dem Angie seng Läich fënnt an e puer Verdächteger huet een och. U sech ass alles offensichtlech, mee de Fall kann trotzdeem net geléist ginn. Firwat dat sou ass a wat alles mam Angie geschitt ass, gëss du an dëser Episod vum Podcast Loscht op Mord gewuer.
Comments
New comment