Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 93 - The Silent Twins

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

1963 ginn d'June an d'Jennifer Gibbons als Zwillinge gebuer. Scho fréi an hirer Kandheet stellt ee fest, dass déi 2 zimmlech schlecht a lues leieren ze schwätzen. Wéi si 3 Joer al sinn, maachen si ënnert sech den Deal, dass si mat Kengem méi schwätzen, ausser nach ënnert sech. Dëst féiert zu villen Problemer. Mee vu wou kennt dat? Déi zwou Schwëstere landen iergendwann duerch Strofdoten an enger Héichsécherheetspsychiatrie. Mee ass dat déi richteg Platz fir si? Kommen si do erëm raus? Wat ass mat dësen zwee Meedercher wierklech lass? Alles dat an der Episod 93.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us