Loscht op Mord

Loscht op Mord

folge #86 - De Fall Hannah Graham

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

2014 gëtt dat 18-järegt Hannah Graham no enger Party vermësst. Seng lescht Noricht un seng Kolleege war, dass et sech verlaf hätt. Kuerz Zäit drop ginn Hiweiser zum Hannah sengem Verbleiwe fonnt an och schnell dann dem Hannah seng stierflech Iwwerreschter. Mee och en Täter ka schnell fonnt ginn. Hei kënnt dann dat schlëmmst un d'Luucht: et handelt sech ëm e Serientäter. Vill ongekläerte Fäll kenne lo ofgeschloss ginn. Wien et war a wat geschitt ass gitt dir an dëser Episod gewuer.

Episod 85 - D'Entféierungvum Maria Börgerl

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Mee 2010 gëtt d'Maria Börgerl, d'Fra vum Virstands-Virsëtzende vun enger Spuerkeess, aus hirem eegenen Haus entfouert. Et kennt och en Uruff mat enger Léisegeld- Fuerderung. Mee hei soll et schif lafen, wat dem Maria säin Doud zur Follge huet.
Wat genau geschitt ass an ob d'Täter gefaasst goufen, gitt dir an dëser Episod gewuer.

Episod 84 - De Fall Aileen Wuornos

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.

Episod 83 - De Bréif aus dem Graf

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.

Episod 82 - De Mord um Yangjie Li

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 11. Mee geet d'Yangjie Li zu Dessau joggen, wéi et dat esou oft mécht. Mee dës Kéier sollt et net méi a senger WG ukommen. De Sebastian Flech an d'Xenia Lang hunn e perfide Plang, deen se ëmsetze wëllen. Dësem Plang fält d'Yangjie zum Opfer a sollt dat Ganzt net iwwerlierwen. Wat genau geschitt ass, erziele mir an dëser Episod.

Episode 81 - Verschwonnen op Aruba

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

2005 ass dat 18 Joer alt  Natalee Holloway mat Frënn op Aruba fir hire Schoulofschloss ze feieren. Mee um Dag vun der Ofrees ass d'Natalee net um Flughafen opgedaucht. Fir d'lescht gouf et mat 3 lokale Männer gesinn, mee déi wëssen och net wou d'Natalee ass... oder villäicht dach? Gitt et an eiser neier Episod gewuer.

Episod 80 - D'Verschwanne vum Branson Perry

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 11. Abrëll 2001 ass den 20-järege Branson Perry amgaangen d'Haus ze raumen an ze botze fir wa säi Papp aus dem Spidol heem kënnt. Dobäi fënnt hie Kabelen, déi hien an de Schapp brénge wëll. Mee de Jong kënnt aus dem Schapp ni zeréck. Vun him feelt all Spuer. Wat ass mam Branson geschitt? Firwat wierkt et sou wéi wann déi Stad Skidmore Verbrieche reegelrecht unzezéien?

Episod 79 - D'Verschwannevum Madeleine Maddie McCann

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass.  Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.

Episod 78 - D'Verschwanne vum Caleb Diehl

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 29. Mäerz 2015 wëll den 18-järege Caleb Diehl sech mat engem Kolleeg treffen. Nom angeblechen Treffen daucht de Jong awer net méi op. Wou ass en? Wat ass geschitt? Seng lescht Spuere feieren op den Haff vun engem Famillje-Kolleeg. Huet dësen eppes mam Verschwanne vum Caleb ze dinn? Lauschter d'Episod a fannt et eraus.

Episod 77 - Karl Koch - Vum Hacker zum Spion

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us