Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 129 - De katastrophale Fluch 571

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

13. Oktober 1972: En uruguayesche Militärfliger mat enger jonker Rugby-Ekipp an hire Frënn u Bord crasht an den onbaarmhäerzegen, äiskale Bierger vun den Anden. Op iwwer 3.600 Meter Héicht fänkt fir d'Iwwerliewenden en tragesche Kampf un, deen d'Grenz vun der mënschlecher Ausdauer wäit iwwerschreit. An dëser Episod huele mir iech mat an eng vun de stäerkste mënschlechen Ausnamesituatiounen an der Geschicht.

Episod 128 - De Fall Christa Pike

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

1995 bréngt dat 18 Joer aalt Christa Pike, zesumme mat sengem deemolege Frënd a senger beschter Frëndin, d'Colleen Slemmer op eng grausam Aart a Weis ëm. Heifir kritt d'Pike d'Doudesstrof. Mir schwätzen iwwert dem Pike seng Kandheet a firwat hatt dëse Mord begaangen huet. Sou wéi och iwwert déi feelgeschloen Exekutioun aus dësem Joer.

Episod 127 - Serienkiller Köln ft. Büfdeck

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Zu Köln ass eng Ausstellung iwwert Serienkiller, des war de Charel kucken.
A wei et den Zoufall well war och den Danilo vum Bluddege Büfdeck se kucken.
Sie schwätzen iwwert dat wat si do erlieft a gesinn hunn sou wei allgemeng och iwwer True Crime a Serienkiller..

Episod 126 - De Fall Kurt Werner Wichmann

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Zwee Doppelmorde, eng verschwonne Fra an en Täter dee réischt Joren no sengem Doud kann iwwerfouert ginn.
Ween war de Kurt Werner Wichmann? Wat huet hie gemaach a wisou konnt hie réischt no sengem Doud iwwerfouert gi?
Alles dat an der neier Episode vu Loscht op Mord.

Episod 125 - D'Entféierung vum Jakob von Metzler

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 27. September 2002 gëtt den 11 järege Jakob von Metzler vum 27 järege Magnus Gäfgen entfouert an ermort. De Magnus Gäfgen schéckt nach en Erpresserbrief un d'Famill a gëtt awer kuerz drop gepëtzt. De Fall ass zimmlech schnell gekläert, mee wéi et zur d'Erklärung koum, huet fir Opreegung gesuergt, bezéiungsweis grouss eethesch Froen opgeworf. Ëm wat et hei genau geet a wat alles geschitt ass, gitt der an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.

Episod 124 - De Fall Molly Bish

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 27. Juni 2000 féiert d'Magi Bish säi Meedchen, d'Molly, un de Comins Pond zu Warren a Massachusetts. D'Molly schafft hei als Rettungsschwëmmerin. D'Mamm kritt een Uruff vun der Police, ob si wéisst, wou hiert Meedchen ass. Um Séi ukomm, fënnt d'Mamm nach all dem Molly seng Saachen, mee d'Molly selwer awer net méi. Hir fält an, dass den Dag virdrunner, ee Mann um Séi war, deen sech komesch verhalen hat. Et gëtt eng Phantomzeechnung ugefäerdegt, mee et kënnt näischt derbäi eraus. Ee Joer méi spéit, gëtt eng nei Phantomzeechnung ugefäerdegt - eng wéi d’Magi fënnt - besser Zeechnung.Dräi Joer nom Verschwanne vum Molly, fënnt een dem Molly seng Iwwerreschter, awer dat just zum Deel. Et geet eng grouss Sich no engem méigleche Verdächtege lass. Wien déi Verdächteg sinn an ob de Fall gekläert ass, gëss du alles an der neier Episod vu Loscht op Mord gewuer.

Episod 123 - De Fall Savannah Gold

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am August 2017 mécht dat 21-järegt Savanna Gold sech op de Wee fir op seng Schicht am Bonefish Grill. Hei kënnt Savanna awer leider ni un. Säi Papp a säi Brudder kréie kuerz drop eng komesch SMS: hatt hätt ee Mann kenne geléiert, et kéint dat alles net méi an hatt géif mat deem fortlafen. Dat alles passt awer net zum Savanna an hatt gëtt alles vermësst gemellt. Dat Eenzegt, dat nach fonnt gëtt, ass um Parking säin Auto mat engem opgeschlitzte Pneu. Bei der Iwwerpréiwung vun den Iwwerwaachungskamera kënnt dann ee Mataarbechter mat an d'Spill. Wien ass dat a wat ass hei geschitt, dat alles gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.

Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass erëm sou wäit, déi alljärlech Diskussiounsronn ass erëm do. Mir schwätzen iwwert Theorië vun ongekläerten a gekläerte Fäll, wéi geféierlech sinn Hobbydetektiven op de soziale Medien, gi weiblechTäter aneschters wouer geholl an nach weider Theemen. Zeckt net a schreift eis gären är Gedanken a Meenungen zu Allem eran.

Episod 121 - De Fall Heather Maples

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Januar 2015 plënnert dat 22-järegt Heather Nicole Maples aus Texas op Tennessee. Hatt erhofft sech hei méi Chancë fir seng Zukunft a säi Studium an esou kritt hatt dann och Ufank August 2015 endlech de Bréif, dass et un der Middle Tennessee State University ugeholl ass. Hatt freet sech immens op de Studium, mee leider sollt et ni dozou kommen, well de 7. August 2015 gëtt d'Heather vu senger beschter Frëndin dout an der Wunneng fonnt. Wat ass hei genau geschitt? Wien ass den Täter? Alles dat an der neien Episod vu Loscht op Mord.

Episod 120 - De Fall Collien Fernandes an Deepfakes

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod vu Loscht op Mord schwätze mir iwwert de Fall Collien Fernandes. Hatt weess schonn zënter e puer Joer, dass am Internet sougenannten Deepfakes vun him verbreet ginn. Viru Kuerzem ass elo erauskomm, dass dës Deepfakes vu sengem Ex-Mann verbreet goufen. Net nëmme goufen dës verbreet, mee och huet hie komplett virtuell Affären am Collien sengem Numm opgebaut an dat ouni, dass d'Collien eppes dovunner wosst. Wéi dat Ganzt erauskomm ass, huet dat fir ee risege Skandal gesuergt an erëm eng Kéier gewisen, wéi geféierlech kënschtlech Intelligenz ka sinn, wann dës fir schlecht Saachen agesat gëtt. Weider schwätze mir och allgemeng iwwer Deepfakes an aner sexuell Ausbeutungen am Internet.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us