Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 95 - Déi éischt a lescht grouss Léift: De Fall Ellie Gould

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

2019 huet dat 17 Joer aalt Ellie Gould säin éischte Frënd, den Thomas an dobäi handelt et sech dann och ëm dem Ellie seng éischt grouss Léift. Hatt wäert sech awer am Mee vun him trennen a leider hëlt den Thomas dës Trennung net gutt op. Sou kennt et, dass de 17 Joer alen Thomas no der Trennung bei d'Ellie fiert a wéi den Thomas d'Haus erëm verléisst, ass dem Ellie säi Liewen eriwwer. Wat genee geschitt ass, gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.

Episod 94 - Déidlech Party: De Fall Angie Barlow

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 26. Oktober 2016 ass d'Angie Barlow engagéiert gi fir op enger privater Party als Dänzerin ze schaffen, dëst ass u sech näischt Besonnesches fir d'Angie, mee vun dësem Job soll d'Angie awer net méi Heem kommen. Et vergi Méint bis een dem Angie seng Läich fënnt an e puer Verdächteger huet een och. U sech ass alles offensichtlech, mee de Fall kann trotzdeem net geléist ginn. Firwat dat sou ass a wat alles mam Angie geschitt ass, gëss du an dëser Episod vum Podcast Loscht op Mord gewuer.

Episod 92 - Crime Fails 2.0

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir hu fir dech erëm d'Crème de la crème vun de net sou intelligente Verbriecher erausgesicht. Et sinn erëm Crime Fails bei deenen d'Verbriecher sech ganz blöd ustellen. Wat déi gemaach hunn a wat alles geschitt ass erziele mir dir an dëser bëssi méi witzeger Episod.

Episod 91 - D'Geiselnam vu Cheshire

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 22. Juli 2007 ass fir d'Famill Petit ee Sonndeg wéi all aneren och, si ginn hirer Traditioun no, dass eent vun de Kanner fir d'Famill kacht. Dobäi wëssen se net, dass d'Gefor direkt virun hirer Dier lauert. 
Zwee Abriecher waarden nëmmen drop, dass d'Famill schlofe geet, fir dass si an d'Haus kënnen. Wéi et dann sou wäit ass, eskaléiert alles an aus dem Abroch gëtt en Iwwerfall an aus dem Iwwerfall gëtt eng Geiselnam mat grausame Qualen. 
Wat do alles geschitt an och schif gelaf ass, gëtt een an dëser Episod gewuer.

Episod 90 - Besiess vum Christina Grimmie

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Christina Grimmie ass fir deen een oder aneren e Begrëff, hatt war eng jonk talentéiert Sängerin aus deen USA, dat 2014 duerch The Voice an den USA bekannt ginn ass. 
De 27 järege Kevin James Loibl, e scheien Typ, deen sech éischter zeréckgezunn huet, huet 2015 ugefaangen absolut besiess vum Grimmie ze sinn. Dat geet esou wäit, dass hien 2016 no engem Concert d'Christina fir d'éischt erschéisst an dono sech selwer d'Liewen hëlt.
Alles iwwert dee Fall gëtt et an dëser Episod.

Episod 89 - De Fall Brianna Denison

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?

Episod 88 - Geféierlechste Seeriemäerder?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An den 1980er Jore fänkt de Charles Cullen säi Job als Infirmier un, wat opfält iwwerall, wou hie schafft, stierwe Patienten, dëst geet Jore laang esou a verschiddenen Spideeler, an deenen hie schafft. Iwwer 40 Morde soll de Cullen begoen, éier hie gefaasst gëtt.
Wéi et souwäit konnt kommen a wat alles virgefall ass gitt dir an dëser Episod gewuer.

Episod 87 - Krankhaft Obsessioun um Danielle Jones

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 1. Juni 2001 verschwent d'Danielle Sarah Jones moies um Wee fir an d'Schoul. Zeie gesinn nach wéi hat mat engem Mann an engem bloe Van streit, mee vun deem Punkt u ass d'Danielle ni méi gesi ginn.
Ee bestëmmte Mann mat enger krankhafter Obsessioun fir d'Danielle sollt fir alles verantwortlech sinn. Wien dat ass, wat geschitt ass an all weider Informatioune gitt dir an dëser Episod gewuer.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us