Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 102 - De Fall Pelicot

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Joer 2020 ass de systematesche Mëssbrauch um Gisèle Pelicot duerch hire Mann opgeflunn. Hei war allerdéngs net nëmmen dem Gisèle säi Mann als Täter verantwortlech, mee iwwer 50 weider Täter waren dodru bedeelegt a géint si goufen och Plainte gemaach. D'Gisèle wollt, dass de Prozess ëffentlech gemaach gëtt, well esou wollt si allen Affer weisen, dass een sech als Affer vun engem Mëssbrauchsfall net ze schumme brauch. De Feeler läit beim Täter a net beim Affer. Dëse Prozess gëtt zu engem risege Prozess mat iwwer 50 Persounen, déi mat Plainte musse rechnen. Dorënner och den Dominique Pelicot, deen seng Fra reegelméisseg ënner Droge gesat huet an si den Täter ugebueden huet. Alles zum Fall an der neier Episod Loscht op Mord.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us