Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 48 - Hexeprozesser vu Salem

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Joer 1692 ass et an der Stad Salem zu enger Rei vun Ukloen wéinst Hexerei komm. An dëse Prozesser goufe vill onschëlleg Mënschen gefoltert, agespaart an higeriicht. Wéi et dozou komm ass, a wat genee geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.

Episod 47 - Arlis Perry

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Oktober 1974 streit sech d Arlis Perry mat sengem Mann Bruce an hatt beschléisst owes eleng an d Kierch ze goen. Aus der Kierch sollt et awer ni méi lieweg Heem kommen. Wat, wéi a wien doru Schold ass, dat gitt dir an dëser Episod gewuer.

Episod 45 - Crime Fails

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episode geet et net ëm ee speziellen Fall, maee mir schwätzen iwwert e puer Verbriecher, déi sech net besonneg schlau ugestallt hun. Also Crime Fails.

Episod 44 - Lake Bodom

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 4. Juni 1960 gi 4 Jugendlecher a Finnland un den Lake Bodom campen, dëst sollt en flotte Campingtripp ënner Frënn sinn. Et kënnt awer alles anescht wéi geplangt: Nëmmen ee vun de 4 sollt d'Nuecht iwwerlierwen. Wat geschitt ass, ween den Täter war an alles ronderëm den Virfall diskutéieren de Charel an d'Julie an dëser Episod.

Episod 42 - De Fall O.J. Simpson

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

1994 gëtt dem O.J. Simpson seng Ex-Fra d´Nicole Brown an den Ronald Goldman ermord virum Haus vum Nicole Brown opfonnt. Den Ex-Football Spiller O.J. Simpson gëtt verdächtegt de Mord begaangen ze hunn. Sou entsteet ee vun den spektakulärsten Gerichtsprozesser aus der US-Geschicht. Wat genau virgefall ass, gidd dir an deser Episode gewuer.

De Brummi-Mäerder

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An de Joren 2003 bis 2006 ginn et 4 Iwwergrëffer op Fraen, 3 vun hinne ginn ëmbruecht, 1 iwwerlieft.
Ween den Täter ass a wat d'Grënn fir des Dote si beschwätze mir an dëser Episod.

Episod 40 - Doppelmord vun Herne

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Mäerz 2017 brécht dem Marcel H. säi Liewen auserneen. A sengem Frust wëll hien sech d'Liewen huelen. Dat klappt awer net an esou decidéiert hien, dofir een aneren ëmzebréngen. Wat genau geschitt ass, gidd dir an dëser Episod gewuer.

39 - Amanda Knox

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Amanda Knox ass eng amerikanesch Studentin, wat an Italien an enger WG lieft wou alles ganz normal leet. Bis enges Dages eng Matbewunnerin ermort an der WG opfonnt gëtt an eng riseg Ermëttlung an d'Weeër geleet gouf: Wat ass geschitt? Wien ass de Mäerder?

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us