Episod 58 - Gëtt de Mënsch béis gebuer?
An dëser Episode diskutéiere mir iwwert e puer moralech Froen sou wéi eis Siicht op verschidde Froen am Beräich vum Verbriechen.
An dëser Episode diskutéiere mir iwwert e puer moralech Froen sou wéi eis Siicht op verschidde Froen am Beräich vum Verbriechen.
2006 verschwënnt de Ray Rivera nodeems hien en Uruff krut. Et dauert e puer Deeg an da fënnt een seng Läich. Hien ass anscheinend duerch een Daach gefall, mee alles weist drop hin, dass dëst net méiglech wier. Wat ass wierklech geschitt?
Ufanks de 70er Joren huet den Dean Corll mat 2 Komplizen eng Rei vun Entféierungen, Vergewaltegungen a Morde gestart. Wat do geschitt ass, a wéi alles opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.
Bis 2017 féiert d'Lori Vallow ee schéint Familienliewe mat sengem Mann an hire Kanner. Bis hatt op religiéis Bicher vum Chad stéisst, an dann an ee Fanatismus fält dee fir seng Famill déidlech op en Enn geet.
Vun de 70er Joren un bis Enn vun den 1990er Joren huet den Dr. Harold Shipman ganz vill Mënschen ermord bis en am Joer 1998 opgeflunn ass. Op wéi eng Aart a Weis den Dr. Tod seng Doten begaangen huet, gidd dir an dëser Episod gewuer.
Am Joer 1883 kënnt e Missionär vun der katoulescher Kierch an d'Kloster Marienberg zu Oochen. Hie kënnt net fräiwëlleg dohinner a wat him an aneren do am Klouschter geschitt ass erschreckend. Nodeems en do flüchten konnt versicht en dat alles opzedecken. Wien dat war a wat do geschitt ass, erzielen d'Julie an de Charel eis an dëser Episod.
An den 1880er-1890er Joren huet den Dr. Henry Howard Holmes en Hotel gebaut deen nëmmen engem Zweck soll déngen, dem Morden. Wien den H.H. Holmes ass, wat mat dësem Hotel war, erziele mir iech an dëser Episod.
#51 Dorothy Arnold
Am Hierscht 1984 fillt den Liewensmëtteltechniker Günther Stoll sech verfollegt an a Gefor. An der Nuechtt vum 25. op den 26. Oktober stierft den Günther Stoll op rätselhaft Aart a Weis. War et en Mord oder einfach en Accident mat seelenen Ëmstänn? Dat gitt dir an dëser Episode gewuer.
1912 ass d'Famill Dunbar bei engem Famillienausfluch bei engem Séi, do verschwënnt hire 4-järegen Bouf, de Bobby. En ass net méi ze fannen, bis 8 Méint méi spéit en Arbechter mat engem Jong gesi gëtt deen ausgesäit wéi de Bobby. Ass dësen Jong de Bobby Dunbar? Da gitt dir an dëser Episod gewuer.