Loscht op Mord

Loscht op Mord

34 - Affär: Gabby Petito

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Summer 2021 ass d'Gabby a säi Verloobte Brian op enger USA-Rees mat engem Camper-Van, bis Mëtt-Enn August schéngt alles normal ze sinn. Mee dunn ass eppes Virgefall, wat do geschitt ass, gi dir an dëser Episod gewuer.

33 - Marc DuTroux Part 2

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Haut geet et weider mam Monster aus der Belsch, de Marc DuTroux. Mat dobäi ass en Gaascht, deen eis e bëssen erzielt wei dat deemools war, wat fir eng Angscht do ënnert de Leit war.

32 - Marc DuTroux Part 1

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Numm Marc DuTroux misst zu Lëtzebuerg bal jidderengem eppes soen. An dëser Episode gi mir op dee Fall an a kucke wat do alles schif gelaf ass an a weie Chaos dat d'Belsch geheit huet. Vue dass de Fall sou grouss ass, hunn mir deen an 2 gedeelt, am 1. Deel geet et em alles wat bis zur Verhandlung geschitt ass.

31 - Based on a true Story

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Jidderee kennt aus de Filmer de Saz "Based on a true Story". Haut hunn mir eis 3 Horrorfilmer geholl déi op richtegen Verbriechen baséieren a kucken och wat dovu wierklech wouer ass.

30 - Xavier Dupont de Ligonnès

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Abrëll 2011 ginn zu Nantes a Frankräich d'Läiche vun enger ganzer Famill fonnt, just vum Papp feelt all Spuer.
War hien de Mäerder?
Wou ass hie lo?

29 - Falsch Frënn

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 6. Juli 2012 verschwënnt dat 16 järegt Skylar Neese. Wat ass geschitt, wien huet mam Verschwannen ze dinn?
Dat alles erziele mir iech an dëser Episode vu Loscht op Mord.

28 - Amoklaf Columbine

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 20. Abrëll 1999 laafen zwee Jugendlecher an der Columbine Highschool Amok, dat zu dem Zäitpunkt de schlëmmsten Amoklaf ass, de jeemools an enger US-Amerikanescher Schoul war.

27 - De Mord um Joseph Comunale

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 12. November 2016 geet de Joseph mat Kolleegen an en Club feieren, Nodeems de Club zou gemaach huet, verschwënnt de Joseph virum Club an Taucht net méi op. Wat ass am Joseph geschitt, wou ass en hin? Äntwerten op des Fro kritt dir an dëser Episode vu Loscht op Mord.

26 - Jerry Michael Williams

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Joer 2000 geet den Jerry Michael Williams (Mike) fëschen. Owes kënnt en awer net Heem a seng Fra mécht sech Suergen. Wat ass dem Mike geschitt? Alles dat fannt der an dëser Episode vu Loscht op Mord raus. Des Weidere gëtt et um Enn nach ee klengt Gedanken-Experiment fir iech all.

25 - D'Famill Schulze

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Juli 2015 verschwënnt d'Famill Schulze ouni Spuer. Et goufe keng Unzeeche fir en Verbriechen oder Änleches. Ass d'ennergedaucht oder stécht do en Famillen-Drama derhannert?

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us