Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 89 - De Fall Brianna Denison

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us