Episod 129 - De katastrophale Fluch 571
13. Oktober 1972: En uruguayesche Militärfliger mat enger jonker Rugby-Ekipp an hire Frënn u Bord crasht an den onbaarmhäerzegen, äiskale Bierger vun den Anden. Op iwwer 3.600 Meter Héicht fänkt fir d'Iwwerliewenden en tragesche Kampf un, deen d'Grenz vun der mënschlecher Ausdauer wäit iwwerschreit. An dëser Episod huele mir iech mat an eng vun de stäerkste mënschlechen Ausnamesituatiounen an der Geschicht.
Comments
New comment