Loscht op Mord

Loscht op Mord

Episod 113 - D'Verschwanne vum Emanuela Orlandi

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dat 15 Joer alt Emanuela Orlandi lieft mat senger Famill am Vatikan, well säi Papp ass en héische Mataarbechter vum Poopst. D’Emanuela geet zu Roum an eng Musikschoul, sou huet et och mëttwochs den 22. Juni 1983 do Kuer. Hei gëtt et nach vun engem Typ ugeschwat fir een Job bei enger Kosmetikfirma. Nom Kuer ënnerhält hatt sech nach mat senge Frëndinnen a mécht sech dann op de Wee fir zeréck an de Vatikan. Hei kënnt hatt awer ni un an zanterdeem feelt vum Emanuela all Spuer. Et kommen ëmmer erëm verschidden Hiweiser an Tipps, mee dat alles féiert zu kengem Resultat. Sou entstinn onzieleg Theorien zu senger Verschwannen. Alles dat gëtt et an dëser Episod vu Loscht op Mord.

Episod 112 - D'Verschwanne vum Brian Shaffer

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 31. Mäerz 2006 geet de Brian Shaffer mat engem Kolleeg eraus a Baren a Clubben. Seng Mamm ass kierzlech gestuerwen an de Brian wëll sech bëssen oflenken. Tëschent 1:00 an 2:00 Auer kennt de Brian an der Bar mam Numm „The Ugly Toona Saloona“ un, hei gëtt hien um 1:57 Auer nach vun enger Kamera gefilmt, mee dono verléiert sech all Spuer vum Brian. An der Bar ginn nach säi Portmonni an seng Schlëssele fonnt, mee hie selwer ass fort. De Brian taucht och dono net méi op. Wou ass hien? Wat ass geschitt? Wat hunn d’Ermëttler fonnt? Wat sinn d’Theorien? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.

Episod 111 - De Fall Kalinka Bamberski

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Joer 1982 verbréngt dat 14 Joer alt Kalinka seng Summervakanz mat sengem klenge Brudder um Bodensee bei senger Mamm a sengem Stéifpapp. Dëst leeft och souwäit ganz normal of, mee den 9. Juli geet et dem Kalinka net sou gutt an den Dr. Krombach, dem Kalinka säi Stéifpapp, sprëtzt him ee Mëttel. D'Kalinka geet an d'Bett a schléift an an aus dësem Schlof sollt hatt net méi erwächen. Moies fënnt de Stéifpapp hatt dout am Bett an obwuel d'Meedche scho laang dout ass, versicht hien hatt nach ze reaniméieren, mee ouni Erfolleg. Vun dësem Moment u fänkt et un, dass sech alles komesch entwéckelt: Saache gi vertuscht, ignoréiert a fir onwichteg gehalen. Just dem Kalinka säi richtege Papp gëtt net op. Bal 30 Joer laang kämpft hie fir Gerechtegkeet fir seng Duechter. Wéi ass d'Kalinka gestuerwen? Wien huet Schold dorunner? Wéi konnt de Papp fir Gerechtegkeet suergen? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.

Episod 110 - D'Oetker-Entféierung

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De 14. Dezember 1976 kennt de Richard Oetker, Ierwe vum groussen Oetker-Konzern, grad aus dem Gebai vun der Uni Freising, wéi um Parking schonn e Bewaffneten op de Richard waart. De Richard Oetker gëtt iwwerwältegt an an eng kleng Këscht aus Holz gespaart an där hien ageenkt gouf a schlëmm Qualen iwwert sech ergoe muss loossen. Den Oetker gëtt vu sengem Entféierer 47 Stonnen an dëser Këscht gefaange gehale bis en erëm fräi kennt. Wien ass den Entféierer a wéi koum den Oetker erëm fräi? Alles dat an der neitster Episod vu Loscht op Mord.

Alles dat an dëser Episode vu Loscht op Mord.

Episod 109 - De St. Pauli Killer

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An den 1980er Joren ass Hamburg St. Pauli vun Drogen, Prostitutioun a Gewalt gepräägt. An genau hei fënnt de Werner Pinzner seng Beruffung. Hien gëtt zum Optragskiller an dësem Milieu a begeet op mannst véier Optragsmorden. Dat Ganzt geet op en Enn wéi de Pinzner verhaft gëtt a schlussendlech am Policebüro seng Fra, de Procureur an sech selwer erschéisst.

Mee hei stécht nach vill méi derhannert. Wat ass alles geschitt? Wéi konnt et zu dëser bluddeger Dot am Policebüro kommen? Wat fir Nowierkunge ginn et?

Alles dat an dëser Episod vu Loscht op Mord.

Episod 108 - Den Déifstall vum Mona Lisa

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dës Kéier gëtt et kee Mord, keng Entféierung, kee Fall vun enger vermësster Persoun. Mee d'Julie an de Charel schwätzen dës Kéier iwwert een Déifstall deen d'Konschtgeschicht fir ëmmer verännert huet. Si schwätzen iwwert den Déifstall vum Mona Lisa. Wéi konnt dat weltberüümte Bildgeklaut ginn? Wien war et? A wéi ass dës Persoun opgeflunn? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.

Episod 107 - Mordfall Hinterkaifeck

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Mäerz 1922 entdeckt d'Famill Gruber um Haff Hinterkaifeck komesch Saachen, déi drop hindeiten, dass een sech am Haus ophält. Den Haff läit relativ isoléiert an et wunne sechs Persounen do. Den 31. Mäerz 1922 gëtt déi ganz Famill brutal ermort. Mee bis dat opfält vergi véier Deeg. Et schéngt wéi wann den Täter weider um Haff gewunnt, gekacht, gebak  a souguer d'Kéi gestrach hätt. Et ginn e puer Verdächteger, mee bis haut konnt keen Täter ermëttelt ginn.

Episod 106 - Froen an Diskussioune Part 3

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass scho bal eng alljärlech Traditioun, dass mir eis virun de Mikro setzen a Froe stellen iwwert True Crime am Allgemengen an dodriwwer diskutéieren. Dofir ass hei den 3. Part vun eiser Froen- an Diskussiounsronn. Zeck net a beäntwert eis gären déi gestallte Froe selwer mat enger Noricht. Vläicht hues du och eng Äntwert zu Froen, bei deene mir net wosste wat soen.

Episod 105 - Albert Fish - The Greyman

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod huele mir dech mat an de Fall vum Albert Fish – engem vun de grausaamsten Täter an der US-Kriminalgeschicht. Hie war net nëmmen ee Seeriemäerder, mee war och ee Sadist, ee Kannibal an ee reliéise Fanatiker. Mir zéien duerch säi Liewen – vu sengem traurege Start bis zu senge makabere Verbriecher.

Episod 104 - D'Amokfaart vun Tréier

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Dezember 2020 ass zu Tréier een 51 Joer ale Mann mat sengen SUV duerch d'Foussgängerzone gefuer. Hei huet et sech also ëm eng sougenannten Amokfaart gehandelt. Mat dëser Faart huet de Mann siwe Mënschen ëmbruecht a weider Persounen deelweis schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Mir schwätzen iwwert dës Dot an och iwwert ee potenzielle Grond, deen zu dëser Dot gefouert huet. Des Weidere kucke mir dodrop wéi eng Auswierkungen dës Dot op d'Chrëschtmäert hat.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us