Loscht op Mord

Loscht op Mord

18 - JonBenét Ramsey

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Chrëschtdag 1996, een Dag un deem ee mat der Famill zesummen ass an eng schéin Zäit verbréngt. Sou sollt et och bei der Famill Ramsey sinn. Bis de Moie vum 26. Dezember. D' JonBenét ass verschwonnen an en Erpresserbréif gouf fonnt.

Mee wat stécht hannert dem Ganzen?

17 - Down the Hill

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den 13. Februar 2017 sinn d' Abby (14) an d' Libby (13) zu Delphi op d' Monon High Bridge gaange fir Fotoen ze maachen. Do sinn si och ukomm, mee wéi de Papp si sollt ofhuelen, sinn d'Meedercher net opgetaucht. Den Dag drop goufen déi zwee dout opfonnt. Deen eenzegen Hiweis op Dot ass en Video deen d'Libby mat Snapchat opgeholl huet.

15 - Mini Special

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Als Entschiedegung fir eis Verspéidung, kritt dir hei en klengen Special mat Theorien an Froen.

13 - Ed Kemper

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod geet et em ee vun de bekanntste Seriemäerder iwwerhaapt, den Ed Kemper.
D´Julie huet sech getraut en Fall ze wiele vun dem de Charel vill weess.

12 - Quiz an Diskussioun

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod hunn mir kee Fall. D' Lisi ass rëm mat dobäi, mir maachen ee klenge Quiz a mir diskutéieren e bëssen iwwert True Crime.

11 - Isdal

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ee Proff ass mat sengen 2 Meedercher wanderen, op eemol fannen si d' Läich vun enger onbekannter Fra. Wat ass mat hier geschitt?

10 - D' Läich am Waassertank (Elisa Lam)

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Joer 2013 ass eng kanadesch Studentin zu LA an engem Hotel verschwonnen. E puer Deeg nom Verschwanne kloen d'Gäscht vum Hotel, datt eppes mam Waasser net stemmt. Wat ass do geschitt?

9 - D. B. Cooper

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ee Mann huet 1971 ënnert dem Numm Dan Cooper en Fliger entféiert, 200'000$ akasséiert an ass aus dem Fliger gesprongen. Dëse Fall ass ënnert dem Numm D.B. Cooper bekannt ginn.

About this podcast

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch.

De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn.
An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.

by Charel Krier, Julie Gerard

Subscribe

Follow us